HB Esch gëtt Féierung an domat Qualifikatioun aus der Hand
E Samschdeg war den HB Diddeleng fir de Retourmatch am Challenge Cup a Lettland am Asaz an do gouf et eng 24:28-Defaite.
EHF Cup
HB Esch - Pulawy 25:26 (15:15)
Am EHF Cup ass den HB Esch e Samschdeg den Owend doheem géint Pulawy aus Polen an de Retourmatch gaangen a wollt probéieren, de Retard vun 3 Goler aus dem Allersmatch opzehuelen.
D'Ufanksvéierelstonn war ganz ausgeglach an esou stoung et no 10 Minutten 4:4 gläich. Vun Ufank un huet een awer gemierkt, datt mat Pulawy eng extrem zolidd Ekipp virun der Broscht stoung - 8:8 no 15 Minutte Match. Och am weidere Verlaf vun der Partie ass et héich hiergaangen, et war ganz intensiv. Ma déi Escher hunn awer de Kampf géint Pulawy ugeholl a si mat engem 15:15 op den Téi gaangen. D'Gäscht konnte sech an der 1. Hallschecht net un den Escher Spillstil winnen.
An den zweeten 30 Minutten goung et viru ronn 350 Spectateure weider. D'Bild vun der 1. Hallschecht huet sech och an der 2. net wierklech geännert: héich Intensitéit a grousst Engagement op béide Säiten. Ma et huet awer 8 Minutte gedauert, ier Esch am 2. Duerchgang op en Neits markéiere konnt. D'Polen waren zolidd, a virun allem um Mann am Gol, de Russ Bogdanov, huet sech den HB Esch d'Zänn ausgebass. Ronn 8 Minutte viru Schluss koum Esch awer nees beim Stand vun 23:23 erun a sou goung et an eng animéiert Schlussphas.
Batter gouf et dunn awer 3 Minutte viru Schluss, wéi den Dawydzik op 24:23 gesat huet. Den HB Esch koum nach eemol op 25:24 zeréck, huet an de leschte Sekonnen awer d'Féierung nees aus der Hand ginn.
Challenge Cup
Dobele - HB Diddeleng 28:24 (14:9)
Den HB Diddeleng war e Samschdeg a Lettland zu Dobele fir de Retourmatch vun der 2. Ronn am Challenge Cup am Asaz. Den HBD hat wëlles, déi 3 Goler aus dem Allermatch (24:27) guttzemaachen, ma dofir huet et awer fir d'Ekipp aus der Forge du Sud missen ee perfekten Dag sinn. Et waren awer d'Haushäre vun Dobele, déi vun Ufank u versicht hunn, der Partie de Stempel opzedrécken. Beim Stand vu 14:9 aus der Siicht vun de Lette goung et an d'Paus.
An der 2. Hallschecht blouf de Réckstand vum HB Diddeleng ufanks ëmmer ëm 4-5 Goler - d'Lëtzebuerger haten deemno ee schwéiere Stand. Ronn eng Véierelsstonn viru Schluss koum den HBD dunn duerch den Hippert op 1 Gol beim Stand vun 20:21 erun. An der 54. Minutt, beim Stand vu 23:25, ass den Hippert mat Rout vum Terrain geflunn. Dono huet d'Heemekipp den Tempo nach eng Kéier ugezunn an um Enn d'Partie mat 28:24 fir sech entscheet. Domat ass Diddeleng aus dem Challenge Cup eliminéiert.
Den HB Käerjeng trëtt iwwerdeems e Sonndeg am Retourmatch vu 17.00 Auer u virun heemescher Kuliss géint d'Schweden vun Alingsas un.