Out fir Käerjeng no 31:36-Defaite géint Alingsas

© Gilles Tricca
E Sonndeg den Owend huet Käerjeng de Retourmatch am Challenge Cup virun heemescher Kuliss géint d'Schwede vun Alingsas gespillt.
D'Käerjenger haten den Allersmatch no enger gudder éischter Hallschent mat 24:36 verluer an deemno war ee Weiderkomme schonns bal onméiglech.
E Sonndeg konnten déi Käerjenger awer an der Ufanksphas gutt mathalen. D'Partie hat een héije Rhythmus a béid Ekippen hu gudden Handball gewisen. Déi Käerjenger hate méi Solutioune géint déi staark Defense vun de Schweden an dat louch dorunner, dass wierklech jidderee sech um Offensivspill bedeelegt huet. D'Lëtzebuerger hätten esouguer kënnen a Féierung leien, wa si hir Chancë genotzt hätten, ma si hunn direkt e puer Mol am 1-géint-1 mam schwedesche Golkipp de Kierzere gezunn. An der Defense war een dacks onkonzentréiert an esou louchen d'Haushären an der Paus mat 15:17 hannen.
Zum Ufank vun der zweeter Hallschent ass dunn awer ganz vill schifgaangen. Déi Käerjenger hunn et verpasst, eng duebel Iwwerzuel auszenotzen, fir d'Féierung ze iwwerhuelen an esou hunn d'Schweden hir Avance ëmmer weider ausgebaut. Käerjeng huet sech wuel vun enger gudder Säit gewisen e Sonndeg den Owend, ma nawell war näischt ze maachen an esou verléiere si um Enn mat 31:36 a sinn domat eliminéiert.

© Gilles Tricca