Schwäiz dreemt weider, Spuenien ass duerch
No der Victoire géint Irland huet d'Schwäiz weider d'Chance op d'Qualifikatioun. / © afp
Italien huet iwwerdeems Liechtenstein 5:0 iwwerrannt. Spuenien huet an der Nospillzäit ausgeglach a domat sech d'Qualifikatioun geséchert.
En Dënschdeg stoungen eng Rei Partien an der EM-Qualifikatioun um Programm. Bis elo hu sech dës Natioune fir d'EM qualifizéiert: Belsch, Italien, Russland, Polen, Ukrain a Spuenien.
Grupp D
Schwäiz - Irland 2:0
1:0 Seferovic (16'), 2:0 Duffy (90'+3)
Ganz enk geet et den Ament un der Spëtzt vum Grupp D zou. Hei si mat Irland, der Schwäiz an Dänemark dräi Ekippen, déi alleguerten nach d'Chance op d'Qualifikatioun hunn. En Dënschdeg den Owend si mat der Schwäiz an Irland zwee direkt Konkurrent openee getraff. Et waren d'Haushären, déi a Féierung gaange sinn an dat duerch de Seferovic an der 16. Minutt. D'Iren hu sech auswäerts schwéier gedoen a konnten an den éischte 45 Minutten net markéieren.
Och déi 2. Hallschecht goung zu Gonschte vun de Schwäizer aus. Huet de Rodriguez nach an der 76. Minutt een Eelefter verschoss, huet et an der 2. Minutt vun der Nospillzäit awer nach eng Kéier am iresche Filet gerabbelt. Den Duffy huet de Ball a sengem eegene Gol ënnerbruecht, wéi hie versicht huet, de Ball vun der Linn ze krazen.
Gibraltar - Georgien 2:3
Grupp F
Schweden - Spuenien 1:1
1:0 Berg (50'), Rodrigo (90'2)
Spuenien ass als Favorit an de Match géint Schweden gaangen. Ma d'Ekipp ronderëm den Thiago vu Bayern München wousst, datt géint d'Skandinavier eng zolidd Aufgab op si géif waarden. No 45 Minutte goung et mat engem 0:0 an d'Paus. 5 Minutten dono huet Schweden awer de Score opgemaach. Gedriwwe vun hirem eegene Public koumen d'Schweden nämlech an de spuenesche Strofraum an hunn do no hin an hier de Ball iergentwéi iwwer d'Linn geschoss kritt.
D'Gäscht vun der iberescher Hallefinsel haten nach eng 40 Minutten, fir de Réckstand ze dréien. De Weltmeeschter vun 2010 konnt an der 2. Minutt vun der Nospillzäit nees zeréck an de Match kommen. Dat ass awer net duergaangen, fir d'Partie komplett ze dréien. La Furia Roja huet sech no deem Remis qualifizéiert.
© AFP
.
Rumänien - Norwegen 1:1
1:0 Mitrita (62'), 1:1 Sorloth (90'+2)
Den Dram vun der EM-Qualifikatioun fir Rumänien an Norwegen geet nom 1:1 tëscht béiden Ekippe weider. De Gol fir d'Lokalekipp hat de Mitrita an der 62. Minutt duerch ee secke Lénksschoss markéiert. Kuerz virdrun hat de Puscas fir d'Rumänen nach een Eelefter verschoss - alles huet no enger Victoire fir d'Heemekipp ausgesinn. De Sorloth op der Säit vun den Norweger hat awer eppes dogéint. Mat sengem Gol mam Kapp an der 2. Minutt vun der Nospillzäit huet Norwegen ee Punkt gerett.
Färöer - Malta 1:0
Grupp G
Israel - Lettland 3:1
1:0 Dabbur (16'), 2:0 Zahavi (26'), 2:1 Kammes (40'), 3:1 Dabbur (42')
Israel behält mat dem 3:1-Erfolleg eng theoretesch Chance op d'Qualifikatioun fir d'Schlussronn vun der Europameeschterschaft. Dräi Ekippe si mat 11 Punkten hannert Polen mat 19 an Éisträich mat 16 Punkte placéiert.
Grupp J
Liechtenstein - Italien 0:5
0:1 Bernardeschi (2'), 0:2 Belotti (70'), 0:3 Romagnoli (77'), 0:4 El Shaarawy (82'), 0:5 Belotti (90'+2)
Italien ass als klore Favorit a Liechtenstein gereest. D'Azzurri si fréi an der Partie a Féierung gaangen an hunn d'1:0-Féierung mat an d'Paus geholl. Nom Téi huet d'Ekipp vum Nationaltrainer Roberto Mancini richteg opgedréint an nach 4 Goler dropgesat.
Finnland - Armenien 3:0
1:0 Jensen (30'), 2:0 Pukki (61'), 3:0 Pukki (80')
D'Finnen hu mat hirem 2:0-Erfolleg géint Armenien hir 2. Plaz an der Tabell verdeedegt. Domat stinn d'Chance fir Finnland op eng Qualifikatioun fir d'Europameeschter gutt.
Griichenland - Bosnien-H. 2:1