Den Handball Esch war an der Paus schonn op 8 Goler vir a konnt an der 2. Hallschecht de Virsprong op 15 Goler weider ausbauen.

Ware leschte Weekend dräi lëtzebuergesch Ekippen an der Coupe d'Europe ënnerwee, war en Dënschdeg den Owend den Optakt vun den Nodrosmatcher vum 6. Spilldag.

Hären-Handball

HB Péiteng - HB Esch 20:35 (9:17)

D'Lokalekipp wollt dem HB Esch virum eegene Public e Fouss stellen. Den HB Esch war awer zu Péiteng de klore Favorit an dat huet d'Ekipp aus der Minett-Metropol vun Ufank un ënner Beweis gestallt. Fréi am Match konnten d'Gäscht nämlech dovun zéien - no 10 Minutte stoung et scho 7:2. Och am weidere Verlaf vum Match huet d'Formatioun vum Coach André Gulbicki den Toun uginn. Mat enger 8-Goler-Féierung beim Stand vun 17:9 goung et fir d'Paus an d'Kabinnen.

Esch huet d'Lokalekipp och an der 2. Hallschecht net zeréck an de Match komme gelooss. Direkt nom Téi hunn d'Gäscht nämlech de Fouss net vum Gas geholl , mä am Géigendeel: no 40 Minutte stoung de Score bei 23:12 aus der Siicht vum HB Esch.

Géint der Schluss huet d'Ekipp aus der Minett-Metropol weider a Richtung Victoire gespillt an um Enn däitlech op 15 Goler mat 35:20 verdéngt gewonnen.

E Mëttwoch spillt dann nach Käerjeng géint Bierchem a Schëffleng géint Diddeleng. D'Partie vum HBC géint d'Ekipp aus der Forge du Sud kënnt Dir vun 20.15 Auer un am Livestream op RTL.lu suivéieren.