Bierchem klappt Käerjeng, Diddeleng dominéiert Schëffleng
E Mëttwoch den Owend stoungen am nationalen Handball-Championnat bei den Häre zwee Match vum 6. Spilldag um Programm.
E Mëttwoch den Owend gouf et Victoirë fir den HC Bierchem an den HB Diddeleng.
Hären-Handball
HB Käerjeng - HC Bierchem 26:29
Den HB Käerjeng krut e Mëttwoch den Owend Besuch vum HC Bierchem an et waren hei d'Gäscht, déi bessere Start an d'Partie erwëscht haten. Déi Käerjenger hunn ëmmer nees probéiert, den Uschloss ze halen a sinn och dacks nees erukomm, ma nawell louche si an der Paus mat 11:15 hannen. An der zweeter Hallschent huet sech dësen Trend och nees siichtbar gemaach. Bierchem war weider déi besser Ekipp a konnt de Virsprong ëmmer weider ausbauen. Just an der Schlussphas huet Käerjeng nach eemol opgedréint, ma et sollt net méi ganz duergoen an esou verléiere si doheem mat
HBC Schëffleng - HB Diddeleng 18:31
D'Gäscht vun Diddeleng sinn e Mëttwoch als Favorit an dës Partie gaangen an dëser Roll sollte si vun Ufank u gerecht ginn. Schonn no 12 Minutten hat d'Ekipp aus der Forge du Sud eng Avance vu 6 Goler. Bis zur Paus konnte si hir Avance nach ëm ee Gol ausbauen an esou stoung et no 30 Minutten 16:9. Och nom Säitewiessel huet den HBD weider eng immens Dominanz gewisen an esou gewanne si um Enn kloer mat 31:18.