D'Etzella Ettelbréck huet en Donneschdeg de Moien annoncéiert, dass si den Isaac Banks als zweeter Auslänner an der Ekipp opgeholl hunn.

Den amtéierende Champion war jo net all ze gutt an d'Saison gestart an haten och Problemer, fir sech als Ekipp ze fannen. Déi lescht zwee Matcher huet de Billy McNutt, dee laang Jore bei der Etzella war, nach eemol ausgehollef an huet domat ee groussen Undeel un den éischten zwou Victoirë vun der Ekipp aus dem Däich gehat.

Elo kënne si awer net méi op de Kanadier zeréckgräifen an hunn elo mam Isaac Banks een Ersatz fonnt. Den Amerikaner huet fir d'East Tennessee State University gespillt an och nach an England fir Manchester an a Georgien fir Rustavi.