Bei der Rugby-WM ka sech England mat 19 op 7 géint d'All Blacks vun Neiséiland duerchsetzen.

An der Paus stoung et 10-0 fir England.

Et ass déi 4. Kéier, dass d'Englänner de Sprong an d'Finall packen. 2003 ass et hinne gelongen, de Weltmeeschtertitel ze gewannen. 1991 hu se géint Australien verluer, 2007 géint Südafrika.

Den Titelverdeedeger Neiséiland ass no der Néierlag géint England no 18 gewonnene Matcher hannerteneen eng éischte Kéier am Kader vun enger WM als Verléierer vum Terrain gaangen. Si waren 2011 an 2015 Weltmeeschter. Hir lescht Defaite op enger WM war 2007 an der Véierelsfinall géint Frankräich.

An der zweeter Halleffinall treffe Wales a Südafrika openeen. Dee Match ass e Sonndeg de Moien um 10 Auer.

D'Finall ass den 2. November.