D'Etzella wënnt zu Hiefnech an den T71 iwwerrennt d'Fiels. Och bei den Dammen wënnt Esch géint Steesel an Diddeleng klappt Walfer.

E Samschdeg den Owend war bei den Hären a bei den Dammen de 5. Spilldag an der Total League.

Hären-Basket

Hiefnech - Etzella Ettelbréck 81:86

Bis 10:10 war d'Lokalekipp nach mat. Du huet d'Etzella den defensiven Drock erhéicht. Vill Pressioun op de Ball, an och ënnert dem Kuerf waren d'Gäscht dominant. Hiefenech huet sech eng ëm déi aner Kéier festgerannt, an d'Gäscht hunn offensiv mat engem 12:0 en éischt Lach gemaach. Mat 31:16 goung et an deen 2. Véierel. Hiefenech huet hei den Ecart vu 15 Punkte laang konnten halen. Mee hir Reussite an de Wërf war mat 16 vu 36 ganz schwaach. Ze schwaach fir géint deen dote Géigner ze bestoen. An der Paus stoung et 57:39.

Nom Säitewiessel ass et bei Hiefenech besser gelaf, d'Etzella huet net méi esou gutt getraff. No 30 Minutte beim Score vun 58:71 hat Hiefenech erëm e bëssen Hoffnung, datt awer nach vläicht eppes dra wier. An dat war tatsächlech de Fall. De Max Schmit huet direkt vun der Dräierlinn getraff, an och defensiv sinn si méi aggressiv ginn. D'Etzella ass ëmmer méi veronséchert ginn, an no 36 Minutten huet de Max Schmit op 74:75 verkierzt. Du hat Ettelbréck awer mam Dwayne Brown e Profi, deen d'Iwwersiicht behal huet. Mat 10 Punkten an de leschte Minutten huet hien eng Iwwerraschung evitéiert.

Basket Esch - Amicale Steesel 103:78

Et waren zwee ganz ënnerschiddlech 2 éischt Véierel. An den éischten 10 Minutte waren et déi ongeschloen Escher déi de Match kloer dominéiert hunn a soumat och mat engem 29:14 an den 2. Véierel gaange sinn. Do waren et dann awer déi Steeseler déi dem Spill hire Stempel opgedréckt hunn an de Réckstand bis op 2 Punkte verkierzt hunn, sou datt et mat engem 51:49 fir Esch an d'Paus gaangen ass.

Am 3. Véierel war et dann awer nees de Basket Esch déi e Gang méi héich geschallt an de Virsprong nees eng kéier däitlech ausgebaut hunn. Nom 3. Véierel stoung et 79:62 fir Esch. An och am leschte Véierel ass et de Steeseler net méi gelongen nach eng Kéier zeréckzekommen an esou verléiert een däitlech mat 78:103.

De Basket Esch klappt Steesel a bleift ongeschloen
Bis op ee Véierel war de Basket Esch de Steeseler iwwerleeën.

Musel-Pikes - Sparta Bartreng 102:101

Tëscht de Miseler a Bartreng kruten d'Spectateuren e ganz spannende Match ze gesinn a vill fir hier Sue gebueden. Nodeems keng Ekipp sech ni richteg ofsetze konnt, stoung et no 40 Minutten 92:92 an esou ass et an d'Verlängerung gaangen. An och do konnt sech keng Ekipp ofsetzen sou dat et immens spannend bliwwen ass. An de leschte Sekonnen hunn d'Musel-Pikes duerch e Kuerf de Match nach fir sech entscheet.

T71 Diddeleng - Arantia Fiels 128:72

Géint Diddeleng hat d'Fiels guer näischt entgéint ze setzen a ginn vum T71 iwwerrannt. Schonn nom 1. Véierel hat d'Fiels e Réckstand vu 14 Punkten ze verkraften. Och dono huet den T71 net zeréck gezunn, sou dat et mat engem 65:39 an d'Paus gaangen ass.

Och an der zweeter Hallschent war d'Partie eng kloer Affär. Schumacher a Co loungen nom 3. Véierel mat iwwer 40 Punkten a Féierung. Och an de leschten 10 Minutten hat d'Fiels näischt méi entgéint ze setzen a verléiert um Enn kloer mat 72:128.

Bei der Lokalekipp stoung mam Samuel Daniel een neien Amerikaner um Parquet. Hien huet 28 Punkte markéiert. Den Nick McGlynn war krank.

T71 Diddeleng iwwerrennt d'Fiels
Déi Diddelenger fanne lues awer sécher an d'Spur.

AB Conter - Racing 87:91

An engem ganz enke Match ka sech de Racing knapps mat 91:87 duerchsetzen.

Dammen-Basket

AB Conter - Gréngewald 76:88

Et war eng staark Ufanksphase vun den 2 Ekippen wou sech Conter am 1. Véierel e Virsprong vu 5 Punkten konnt erausspillen. De Gréngewald ass awer dru bliwwen a konnt bis zur Paus de Réckstand op 2 Punkten verkierzen. Am 3. Véierel hunn déi Hueschterter da richteg Gas ginn, deene Conterer keng Loft fir ze otme ginn a konnten an dësem de Véierel de Match dréinen. Och am leschte Véierel hat d'Heemekipp keng Äntwert méi a verléiert mat 76:88.

T71 Diddeleng - Residence Walfer 75:67

Nodeems den éischte Véierel realativ ausgeglach iwwert d'Bühn gaangen ass, huet den T71 an der 2. Halschent eng gutt Defense gespillt a just 10 Punkten zougelooss sou dat et mat engem Avantage vun 36:28 fir déi Diddelenger an d'Paus gaangen ass. Nom Téi war de Match ganz ausgeglach mee d'Residence huet et net gepackt de Réckstand ze verkierzen sou dat den T71 méi oder manner souverän mat 75:67 gewënnt.

Musel-Pikes - Sparta Bartreng 64:54

D'Musel-Pikes hu staark ugefaangen an déi Bartrenger net richteg an de Match komme gelooss sou dat et mat engem Avantage vun 11 Punkten an den 2. Véierel gaangen ass. Hei huet sech d'Sparta däitlech verbessert gewisen, de Réckstand verkléngert sou dat et an der Paus 33:27 fir d'Musel-Pikes stoung. No der Paus war et e ganz spannende Match an deem sech keen eppes geschenkt huet. Déi Miseler hat awer dat bëssert Enn fir sech a gewannen dann och mat 64:54.

RTL

© Philippe Calmes

Basket Esch - Amicale Steesel 79:76

Am éischte Véierel huet Steesel déi Escher quasi iwwerrannt a konnten sech direkt grousse Virsprong erausspillen nodeems dësen mat 28:15 op en Enn gaangen ass. Am 2. Véierel huet sech de Basket Esch däitlech verbessert gewisen sou dat dësen ganz ausgeglach war. An der Paus stoung et 46:34 fir Steesel. No der Paus sollt sech dann e richtege Krimi entwéckelen. Déi Escher hu richteg Drock gemaach a konnten an der leschter Minutt vum leschte Véierel de Match endgülteg dréinen a soumat fir sech entscheeden.

Telstar Hesper - Etzella Ettelbréck 65:83

Den Iwwerbléck vun der Nationale II