Jonk Basketballer hunn hir Form getest
D'Kids Cup Trophy vum T71 Diddeleng ass e feste Rendez-vous am Basketkalenner. Dëst Joer ware 16 Ekippe mat dobäi.
Wat mer méi no bei Halloween kommen, wat d'Championnat fir d’Kategorie Poussins am Basket och méi no kënnt. Just virdrun ass awer all Joer an dat zënter 16 Joer eppes méi lass zu Diddeleng bei der Kids Cup Trophy.
16 Ekippen: 8 Mol Jongen an 8 Mol Meedercher hu sech e Samschdeg zu Diddeleng getraff fir e Koup Spaass ze hunn, sech ze moossen an e ganzen Dag mateneen ze verbréngen. 40 Benevole gi gebraucht, fir dat Ganzt ze organiséieren, an do gëllt fir den Diddelenger Club déi Jonk ze mobiliséieren an ze hëllefen.
Natierlech ass gewannen een Thema, awer gewannen ouni Spaass ze hunn, dat bréngt et och net. Asaz bei den Trainer an Trainerinnen, bei de Spiller an de Spillerinnen, sou geet den Dag séier eriwwer an di kleng Boboe gi séier vergiess.
Jonker musse sech kënne fir hiren Trainer begeeschteren a vun hirem Trainer begeeschtere loossen. Duerch déi 2 Diddelenger Hale konnte ee gesinn, dass et nach Leit gëtt déi sech asetzen, dass déi professionell Geloossenheet der emotionaler Motivatioun nach net gewach ass.