Pre-Qualifikatioun fir d'WM 2023
Basket-Nationalekipp muss géint Slowakei, Kosovo an Island erun

En Dënschdeg si béid Gruppe fir d'Pre-Qualifikatioun fir d'Basket-WM 2023 ausgeloust ginn.
D'Lëtzebuerger Nationalekipp kritt et do am Grupp B mat der Slowakei, dem Kosovo an Island ze dinn. Déi éischt zwou Partië vun der FLBB-Formatioun wäerten tëscht dem 17. an dem 25. Februar 2020 gespillt ginn.
An der Grupp A si Portugal, Zypern, Wäissrussland an Albanien vertrueden. An dëser éischter Ronn huet all Natioun een Heem- an een Auswäertsmatch géint all aner Natioun aus hirer jeeweileger Grupp.
Déi zwou bescht Ekippen aus all Grupp kommen dann an déi zweete Ronn.
Am meeschte gelies