Am Tennis gëtt de Weekend d'Finall vum Fed Cup zu Perth an Australien gespillt. Bis elo hunn d'Kristina Mladenovic an d'Ashleigh Barty Punkte gemaach.

An der Finall vum Tennis-Fed-Cup huet am éischten Eenzel d'Kristina Mladenovic Frankräich ee Punkt geséchert. D'Spillerin hat keng Problemer mat der Australierin Ajla Tomljanovic an huet sech souverän an zwee Sätz mat zwee Mol 6:1 behaapt. Am zweete Simple huet d'Nummer 1 op der Welt, d'Australierin Ashleigh Barty, d'franséisch Nummer 2, Caroline Garcia, kloer no nëmme 56 Minutte mat zwee Mol 6:0 geklappt.

No den zwee éischten Eenzel steet et an der Finall vum Fed Cup tëscht Australien a Frankräich 1:1 gläich.

E Sonndeg ginn dann zwee weider Eenzel an een Dubbel gespillt.