Déifferdeng verléiert géint Käerjeng mat 29:32, Schëffleng klappt Péiteng mat 29:24, Bierchem wënnt zu Dikrech mat 27:20 an Esch klappt Diddeleng.

E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen de 7. Spilldag. Bei den Häre war et d'Spëtzepartie HB Esch - HB Diddeleng an de Match tëscht Péiteng a Schëffleng.

Hären-Handball

HB Esch - HB Diddeleng 32:21 (15:10)

Handball Esch klappt Diddeleng souverän
Um 7. Spilldag huet ee sech mat 32:21 géint den HBD behaapt.

De Tabellenzweeten Esch hat doheem den Tabellendrëtten Diddeleng op Besuch. Béid Ekippen hu sech an der 1. Halschent näischt geschenkt. Mol war d'Lokalekipp a Féierung, Mol d'Gäscht vun Diddeleng.  No 15 Minutten haten déi Diddelenger bei 7:6 1 Gol Virsprong. Spectateuren hunn eng ganz serréiert Partie gesinn, bei där sech déi 2 Ekippen näischt geschenkt hunn. 9:9 huet de Score no 20 Minutten ugewisen. An deene leschte Minutte virun der Paus war et den Escher Golkipp, dee puer ganz staark Parade gewisen huet, sou dass d'Lokalekipp mat enger 15:10 Féierung an Paus gaangen ass.

An der 2. Halschent sinn déi Diddelenger an der Defense lues a lues e bësse midd ginn an Esch konnt dëst äiskal ausnotzen. No 45 Minutte stoung et 22:16 fir Esch. Diddeleng huet keng Solutioune fonnt géint déi Escher-Defense, an och an der Offensiv war Esch déi besser Ekipp. Den HB Esch kann dëse Match mat 32:21 gewannen.

Red Boys Déifferdeng - HB Käerjeng 29:32 (15:14)

Waren déi éischt 10 Minutte nach relativ ausgeglach, sou waren et dono d'Red Boys déi de Match an Hand geholl hunn. 10:6 Féierung no 17 Minutten. Déifferdeng hat duerno weider d'Fiedem an der Hand, a war no 22 Minutte mat 13:8 vir. Déi läscht Minutte virun der Paus war d'Lokalekipp awer net méi sou konzentréiert, sou dass déi Käerjenger erëm eru komm sinn. 14:15 aus Siicht vun de Käerjenger Léiwe stoung et an der Paus.

Déifferdeng krut an der 32. an an der 34. Minutt jeeweils eng 2 Minutte Strof opgebrummt. D'Käerjenger si ganz gutt aus der Paus komm an hunn d'Iwwerzuel um Terrain perfekt ausgenotzt. 18:17 no 35 Minutte fir Käerjeng. De Martin Hummel hat bis dohinner scho 5 Goler fir d'Gäscht markéiert. Käerjeng ass ëmmer besser an de Match komm a si hu sech an eng richteg Euphorie gespillt. D'Red Boys konnt zum Schluss näischt méi dogéint setzen a sou musse si déi éischten Defaite an dëser Saison verkraaften.

CHEV Dikrech - HC Bierchem 20:27 (9:14)

Dikrech war an der éischter Halschent wuel beméit dem séieren Handball vu Bierchem matzegoen, ma gelongen ass dëst awer nëmmen zäitweis. Bierchem war am Ugrëff konsequent a louch deemno an der Halschent mat 14:9 zu Dikrech a Féierung. An der 2. Halschent hunn d'Spectateuren eng Ekipp vum Chev erlieft, déi wuel net opginn huet, ma de Géigner vun haut war einfach ze staark. 13:21 aus Siicht vun der Lokalekipp no 45 Minutten. An der Schlussphas huet Bierchem de Match sécher heem bruecht. D'Gäscht kënne sech mat 27:20 zu Dikrech duerchsetzen.

HB Péiteng - HBC Schëffleng 24:29 (12:14)

Souwuel Péiteng wéi och Schëffleng hate virum 7. Spilldag nach 0 Punkten. Deementspriechend grouss war d'Motivatioun op béide Säiten, dës Partie fir sech ze entscheeden. Béid Ekippen hu sech absolut guer näischt geschenkt. Keng Ekipp konnt sech an der 1. Halschent entscheedend ofsetzen, sou dass de Score an der Paus bei 12:14 aus der Siicht vu Péiteng stoung.

An den zweeten 30 Minutten ass et weider enk bliwwen, ma déi Schëfflenger konnten hire Virsprong halen an hunn en an de leschte Minutten nach e bëssen ausgebaut, fir um Enn mat 29:24 duerchzesetzen.

Dammen-Handball

Chev Dikrech - HC Standard 41:24 (18:12)

Den Tabelleleader vun Dikrech hat um Samschdeg den Owend de Standard op Besuch. Dikrech huet vun Ufank u gewisen, wien Här am Haus ass a louch no 8 Minutte schonns 5:1 a Féierung. An der Halschent stoung et 18:12 fir de Chev. Och an deenen zweeten 30 Minutten huet d'Lokalekipp dem Standard keng Chance gelooss an huet sech um Enn souverän mat 41:24 duerchgesat.

HB Esch - HB Diddeleng 37:18 (7:16)

Esch huet wuel den 1:0 geschoss, ma an der Suite hunn d'Diddelenger Dammen een 10:0 Laf realiséiert. Diddeleng louch no 30 Minutten 16:7 a Féierung. An der 2. Halschent hunn d'Gäscht Esch weider dominéiert an esou kënne si sech no 60 Minutte mat 37:18 zu Esch behaapten. Esch bleift domat weider ouni Punkten.

Red Boys - Käerjeng 21:34 (10:16)

An der Partie tëscht de Red Boys a Käerjeng waren et d'Gäscht déi vun Ufank un den Toun an der Partie uginn hunn. An der Paus loung een dann och verdéngt mat 16:10 zu Déifferdeng a Féierung. No der Paus hunn déi Käerjengerinne weider konzentréiert weidergespillt an d'Red Boys op Distanz gehalen, fir um Enn mat 34:21 ze gewannen.