An enger virgezunner Partie vum 9. Spilldag am Härenhandball war Péiteng zu Déifferdeng bei de Red Boys op Besuch

Red Boys - HB Péiteng 49:18 (20:11)

No der 1. Defaite vun de Red Boys leschte Weekend am Handball-Championnat géint Käerjeng wollten déi Déifferdenger an enger virgezunner Partie vum 9. Spilldag zeréck op d'Gewënnerstrooss. Schonn an der 1. Hallschecht hunn d'Red Boys an der eegener Hal gewisen, datt Péiteng et ganz schwéier kréich. D'Gäscht sinn nämlech mat engem 9-Punkte-Réckstand mat engem 11:20 op den Téi gaangen.

Och no der Paus war d'Lokalekipp dominant an huet déi Péitenger net méi an de Match komme gelooss. Um Enn gouf et op en Neits eng Néierlag fir den HB Péiteng, deen domat weider d'Schlussliicht  an der Tabell bleift. D'Red Boys konnten iwwerdeems hire 7. Succès feieren a weider Tabelleleader bleiwen.