HBD kënnt net iwwert ee Remis géint d'Red Boys eraus

© AFP (Archiv)
E Freideg den Owend war den Optakt vum 8. Spilldag an der Axa-League am Dammen-Handball.
E Freideg den Owend huet sech am Dammen-Handball den HB Diddeleng misse mat engem 23:23-Remis géint d'Red Boys Déifferdeng zefridde ginn.
Et war déi 60 Minutten iwwer eng enk Partie tëscht béide Veräiner an där d'Féierung ëmmer nees hin an hier gaangen ass. An der Paus loungen d'Gäscht mat 11:10 a Féierung. 6 Minutte viru Schlusswaren d'Red Boys mat 2 Goler vir, ma den Diddelenger Dammen ass 32 Sekonne viru Schluss nach den Ausgläich gelongen. Den HBD ka sech domadder dann awer nach ee Punkt sécheren.
An der provisorescher Tabell läit Diddeleng elo mat engem Punkt-Virsprong op Dikrech a Käerjeng un der Spëtzt.