Bierchem wënnt ouni Problemer géint Péiteng

© Gilles Tricca
Um Samschdeg schonn konnt sech Esch opgrond vun enger gudder 2. Halschent mat 32:24 géint Käerjeng duerchsetzen.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen de 8. Spilldag.
Hären-Handball
HB Péiteng - HC Bierchem 18:35
D'Gäscht vu Bierchem hate guer keng Problemer mat de Péitenger a konnten ab der 16. Minutt eng Féierung erausspillen a vun do un de Péitenger keng Chance méi loossen. Sou ass et dann och schonn mat engem däitlechen 18:8 fir Bierchem an d'Paus gaangen. An den zweeten 30 Minutten konnten d'Gäscht mat dëser Féierung ouni vill Problemer d'Féierung bis zum Schluss behalen a gewannen mat 35:18.
HB Esch - HB Käerjeng 31:24
An der éischter Halschent war et eng extrem spannend an ausgeglache Partie an där Käerjeng déi liicht besser Ekipp war a mat engem 14:12 Avantage an d'Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel war Käerjeng awer guer net méi sou gutt ënnerwee, hu vill diskutéiert an direkt Buedem un d'Escher verluer. Den HB Esch war elo och ganz variabel am Spill no vir an hu staarken Handball gespillt. Sou dat se och verdéngt mat 31:24 gewannen.
HBC Schëffleng - CHEV Dikrech 19:30
Nodeems de Match am Ufank relativ ausgeglach war, konnt sech Dikrech ab der 13. Minutt e Virsprong erausspillen sou dat et an der Paus 9:16 stoung. No der Paus huet Dikrech dëse Virsprong dann souverän verdeedegt a souguer nach weider ausgebaut a gewannen dann schlussendlech mat 30:19.
Dammen-Handball
HB Esch - HB Käerjeng 14:35
Géint Käerjeng hat d'Heemekipp vun Esch vun Ufank un guer näischt entgéint ze setzen a louchen no 17 Minutten mat 0:14 am Réckstand. Dëst war dann och den Haaptgrond wisou se sou héich verluer hunn.