Diddeleng a Steesel mat souveräne Victoiren

Um Samschdeg stoung den 8. Spilldag am Basket um Programm an do konnte bei den Dammen Steesel an Diddeleng Victoire feieren.
E Samschdeg den Owend war am Hären-Basket a bei den Dammen de 8. Spilldag an der Total League.
Hären-Basket
Amicale Steesel - Sparta Bartreng 95:78
Am éischte Véierel huet Steesel staark gespillt a konnt sech e Virsprong vu 9 Punkten erausspillen. Am zweete Véierel ass et dunn bei der Amicale awer net méi sou gutt gelaf an d'Sparta konnt sech e bëssen erukämpfen mee kuerz dono huet Steesel nees e Gang eropgeschalt a konnt d'Avance direkt nees däitlech ausbauen an et ass mat engem 55:37 an d'Paus gaangen.
Nom Wiessel huet d'Sparta besser an de Match fonnt an huet probéiert de Réckstand ze verkierzen mee Steesel huet ëmmer eng Äntwert fonnt. Bei der Sparta sollt et dann awer just beim probéieren bleiwen wëll Steesel konnt seng Féierung weider ausbauen. Bartreng huet eigentlech ni an de Match fonnt an hat eigentlech ni eng Chance an dësem Match.

Den Jarvis Williams (Sparta) hat sech blesséiert a konnt net méi weiderspillen. / © Shari Schenten
Musel-Pikes - Arantia Fiels 91:66
Am éischte Véierel huet d'Musel-Pikes de Kuerf net gutt getraff a konnten souguer keen 3er realiséieren sou dat d'Fiels mat engem Virsprong vu 4 Punkten an den 2. Véierel gaangen ass. An dësem ass et fir d'Miseler dann awer vill besser gelaf a bei der Arantia ass op eemol zimmlech vill schif gaangen sou dat d'Heemekipp sech elo e Virsprong konnt erausspillen.
No der Paus ass et bei der Fiels net besser ginn an haten weiderhin guer näischt méi entgéint ze setzen sou dat d'Musel-Pikes den Ecart weider konnten ausbauen. Am leschte Véierel hunn d'Miseler dann esouguer Spiller spille gelooss déi sos nach guer net an dëser Saison gespillt hunn a gewannen ouni vill Problemer mat 91:66.
T71 Diddeleng - AB Konter 93:75
D'Heemekipp huet e katastrophalen Depart an dëse Match erwëscht a war séier mat 3:12 hannen. Dono konnte se sech awer stabiliséieren a si mat engem 17:20 an den 2. Véierel gaangen. An dësem konnten se de Match dann dréinen an eng komfortabel Féierung erausspillen.
No der Paus huet Konter awer eng Reaktioun gewisen an direkt e puer Dräier hannerteneen getraff, mee trotz allem ware se net gutt an der Defense an hu géint déi gutt Diddelenger ze vill Punkten zougelooss. Schlussendlech gewënnt Diddeleng dann och mat 93:75. Dëst ass fir Konter déi 7. Defaite am 8. Match.

© Max Flammang (T71 Diddeleng)
Hiefenech - Racing 78:61
No engem schwaachen Depart an de Match vu béiden Ekippen wou keng Ekipp de Kuerf gutt getraff huet, ass et bei Hiefenech am zweete Véierel besser gelaf an esou huet ee sech e Virsprong vun 13 Punkten erausspillt sou datt et mat engem 37:24 an d'Paus gaangen ass. Nom Téi war et dann nees en ausgeglachene Match mee dem Racing ass et net gelongen de Réckstand ze verkierzen. Och am leschte Véierel konnt de Racing net méi erukommen a verléiert mat 61:78.
Dammen-Basket
Musel-Pikes - Residence Walfer 83:58
E ganz eesäitege Match kruten d'Spectateuren op der Musel ze gesinn. Vun Ufank un war et d'Heemekipp déi de Match dominéiert huet a Walfer keng Chance gelooss huet. D'Gäscht si ni richteg an de Match komm an hunn am Laf um Match ëmmer weider u Buedem verluer, sou dat et schlussendlech mat engem 83:58 fir d'Musel-Pikes op en Enn gaangen ass. Bescht Spillerin bei de Musel-Pikes war d'Bridget Yoerger mat 16 Punkten, 16 Rebounds a 6 Assists.
Telstar Hesper - Gréngewald 68:80
Nodeems Hesper an der éischter Hallschent nach ganz gutt mathale konnt an an der Paus just 2 Punkte Réckstand hat, konnt de Gréngewald an der 2. Hallschent e Virsprong erausspillen an dëse bis zum Schluss verdeedegen.
T71 Diddeleng - Konter 82:80
Nodeems den éischte Véierel komplett ausgeglach mat 18:18 op en Enn gaangen ass, konnt sech Konter am zweete Véierel ofsetzen an e Virsprong vun 8 Punkten erausspillen. Mee et sollt sech dann awer nach e richtege Krimi an dësem Match entwéckelen a mat engem 72:72 ass et dunn an d'Verlängerung gaangen. An dëser hat Diddeleng dat bessert Enn fir sech a gewënnt mat 82:80.
Amicale Steesel - Sparta Bartreng 75:53
An der éischter Halschent huet Steesel der Sparta direkt d'Grenzen opgewisen an haten an der Paus schonn e Virsprong vun 20 Punkten. Am 3. Véierel konnt d'Sparta zwar de Réckstand e bësse verkierzen mee am leschte Véierel huet Steesel guer keng Zweiwel opkomme gelooss an de Match ganz souverän mat 75:53 gewonnen.