En Donneschdeg war den 2. Spilldag an der Gruppephas vun den FLT-Masters zu Esch.

Nodeems de Gilles Kremer, de Chris Rodesch, den Nicolas Weckerle an de Christophe Tholl hir Matcher bei den Hären e Mëttwoch um 1. Spilldag fir sech entscheede konnten, goung et en Donneschdeg zu Esch weider.

Weider Partië stoungen och bei den Dammen um Programm. E Mëttwoch hate schonn d'Tiffany Cornelius, d'Lucie Rabiot, d'Laura Correia an d'Claudine Schaul hir Matcher gewonnen.

Hären

Bloe Grupp

Robi Tholl - Tom Diederich 6:4, 6:1

Gilles Kremer - Chris Rodesch 6:3, 4:6, 10:6

Rout Grupp

Christophe Nickels - Nicolas Weckerle 6:4, 6:1

Christophe Tholl - Charles Berna 6:3, 7:6

Dammen

Giel Grupp

Liz Baddé - Tatiana Silbereisen 6:4, 5:7, 10:7

Tiffany Cornelius - Lucie Rabiot 7:6, 6:2

Wäiss Grupp

Laura Correia - Anne Grethen 6:2, 6:0

Claudine Schaul - Kylie Merlevede 7:5, 6:2