Den éischte Slalom vun der neier Saison goung iwwerleeën un d'US-Amerikanerin.

Beim Optakt vun der Slalom-Saison zu Levi a Finnland konnt sech d'Mikalea Shiffrin mat enger Avance vun 1 Sekonn an 78 Honnertstel d'Victoire sécheren.
Zweet gouf d'Schwäizerin Wendy Holdener virum Katharina Truppe aus Éisträich.

Am General huet d'Amerikanerin elo 180 Punkten um Kont dëst nodeems si am Riseslalom op der Zweeter Plaz gelant war, op der zweeter Plaz ass hei d'Alice Robinson mat insgesamt 100 Punkten.