Déi meescht Stëmme krut de fréieren däitsche FIFA-Arbitter Dokter Markus Merk.

De Lëtzebuerger Investisseur Flavio Becca wëll elo emol déi nächst Wochen ofwaarden ob eng Zesummenaarbecht mat den neie Membere méiglech ass, fir sech finanziell weider ze engagéieren.

Den FCK, 4-fachen däitsche Champion, ass an der gréisster Kris vu senger Veräinsgeschicht. Ouni Investor ka Kaiserlautern am Profifuttball op Dauer net iwwerliewen.