E Mëttwoch den Owend war den Optakt vun de 1/4-Finallen vun der Coupe de Luxembourg am Härebasket.

Avanti Munneref - Etzella Ettelbréck 80:89 (38:53)

D'Lokalekipp aus der National 2 ass mat engem 10-Punkte-Virsprong an d'Partie géint d'Etzella gaangen. D'Ekipp aus dem Däich war déi favoriséiert Ekipp um Mëttwochowend. No dräi Véierel stoung et 69:56 fir d'Etzella an et huet fir déi Ettelbrécker a punkto Qualifikatioun fir d'1/2-Finall gutt ausgesinn.

Munneref huet am weidere Verlaf vun der Partie der Etzella d'Liewe schwéier gemaach an de Favorit aus der Total League net esou einfach dovun zéie gelooss. Um Enn stoung en 89:80-Erfolleg fir dem Coach Basic seng Jongen um Tableau.

Racing - Musel Pikes 68:92 (35:42)

Um Pabeier sinn am Duell tëscht dem Stater Racing an de Miseler zwou Ekippen openee getraff, déi am Championnat ganz no beienee leien -  allebéid hunn nom 10. Spilldag 16 Punkten um Konto. Fir d'Ausernanersetzung an der 1/4-Finall vun der Coupe konnt ee sech deemno Spannung erwaarden.

D'Pikes hunn am 1. Véierel dee bessere Start erwëscht an hunn dëse mat 21:16 op en Enn bruecht. An den zweeten 10 Minutte koum de Stater Racing zwar op zwee Punkte bäi, d'Miseler konnten awer mat engem 21:19 an d'Paus goen - 42:35 no 20 Minutten.

Den 3. Véierel goung weider mat ganz staarke Musel Pikes - d'Miseler konnte vun engem gudde Kollektiv profitéieren an och dëse Quarter, déi Kéier méi däitlech, mat 25:14 gewannen. Am leschte Véierel hunn déi Stater mat engem Dräier gestart a wollten deemno nach eng Kéier zeréck an de Match fannen. Dat hunn d'Pikes awer mat engem 25:19 net zougelooss.