Um Freideg goufen d'Véierelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg gezunn.

Bei den Häre kritt Monnerech aus der Éierepromotioun et mam Stater Racing ze dinn. Hesper och aus der Promotioun spillt géint Déifferdeng. Deen 3. Vertrieder aus der Promotioun Wolz muss géint den aktuelle Coupe-Gewënner Diddeleng untrieden an Nidderkuer kritt et mat Rouspert ze dinn.

D'Véierelsfinalle ginn de 15. Abrëll gespillt.

Bei den Damme spillt Ell géint Wëntger, Rëmeleng géint d'Entente Izeg/Cebra, d'Entente Wuermer/Mënsbech/CSG kritt et mam Racing ze dinn an dann huet nach Beetebuerg Dikrech op Besuch. D'Véierelsfinalle bei den Damme ginn den 18. Abrëll gespillt.