E Sonndeg den Owend huet Lëtzebuerg géint Italien 25:33 verluer.

No der 29:40-Defaite e Samschdeg hunn d'Rout Léiwen och am 2. Frëndschaftsmatch géint Italien e Sonndeg de Kierzere gezunn.

No der 1. hallwer Stonn ass et mat engem Ecart vu 5 Goler an d'Paus gaangen, duerno koumen d'Lëtzebuerger op 3 Punkten erun, éier d'Italiener géint der Schluss den Tempo nach eng Kéier verschäerft hunn. Um Enn stoung et 25:33 aus der Siicht vu Lëtzebuerg.

Blessur vum Yann Hoffmann

De Spiller vun der Lëtzebuerger Nationalekipp war e Sonndeg net dobäi: hien hat sech am Match e Samschdeg um Fouss blesséiert.

Wat de Yann Hoffmann genee huet, ass bis elo nach net kloer. Een IRM hei zu Lëtzebuerg soll an den nächsten Deeg fir Kloerheet suergen.