Um Samschdeg huet Lëtzebuerg den éischte vun zwee Frëndschaftsmatcher géint Italien gespillt a verléieren dësen mat 29:40.

Um Samschdeg am fréien Owend huet di Lëtzebuerger Handballnationalekipp zu Camerano an Italien hiren éischte vun den 2 Frëndschaftsmatcher géint Italien mat 29-40 verluer.

Bei de Roude Léiwen hunn aus diverse Grënn vill wichteg Spiller gefeelt. Dës dierften nees dobäi sinn wann et fir d’FLH Selektioun tëscht dem 10. an dem 19. Januar ëm wichteg Punkten an der WM- an och an der EM Qualifikatioun wäert goen.
Den 2. Preparatiounsmatch géint Italien war um Sonndeg de 29. Dezember um 17.00 Auer.