Iwwerdeems zitt den AS Monaco a leschter Sekonn an déi nächst Ronn vun der Coupe de France, Manchester United a Wolverhampton spille gläich.

La Liga

Getafe - Real Madrid 0:3
0:1 Soria (34'), 0:2 Varane (53')

D'Lokalekipp huet et de Gäscht vun Ufank net grad einfach gemaach. Virun allem de Courtois am Gol vun de Kinneklechen huet dofir gesuergt, dass Getafe net a Féierung gaangen ass. No 34 Minutten war et dann de Soria, dee mat engem Selbstgol den 1:0 fir d'Gäscht markéiert huet. Mat enger glécklecher Féierung ass et also an d'Paus gaangen. Kuerz nom Säitewiessel konnt de Varane no engem Fräistouss op 2:0 erhéijen. Den Haushäre sollt et awer net méi gelénge laanscht de Courtois ze kommen a sou huet de Modric an der 6. Minutt vun der Nospillzäit alles kloer gemaach an den 3:0 fir Real Madrid geschoss, mat deem de Match dann och op en Enn gaangen ass.

Atletico Madrid - Levante 2:1
1:0 Correa (13'), 1:1 Roger (16'), 2:1 Felipe

Espanyol - FC Barcelona 2:2
1:0 David Lopez (23'), 1:1 Suarez (50'), 1:2 Vidal (59'), 2:2 Wu Lei (88')

FA Cup

Fulham - Aston Villa 2:1
1:0 Knockaert (54'), 1:1 El-Ghazi (63'), 2:1 Arter (74')

No enger Hallschent ouni Goler war et den Anthony Knockaert, deen d'Ekipp aus der zweeter englescher Liga mat 1:0 Féierung bruecht huet. Dës Féierung sollt awer net laang halen, wéi den El-Ghazi net mol 10 Minutten drop zum 1:1 fir den Éischtligist Aston Villa ausgläiche konnt. An der 74. Minutt war et dann den Arter, dee mat sengem Gol zum 2:1 d'Lokalekipp nees a Féierung brénge konnt. Zum Schluss geléngt der Ekipp aus der zweeter Liga d'Iwwerraschung a steet soumat an der nächster Ronn vum FA Cup.

Wolverhampton - Manchester United 0:0

Manchester City - Port Vale 4:1
1:0 Zinchenko (19'), 1:1 Pope (35'), 2:1 Aguero (42'), 3:1 Hardwood-Bellis (58'), 4:1 Foden (76')

Coupe de France

Monaco - Reims 2:1
1:0 Keita (61'), 1:1 Munetsi (69'), 2:1 Keita (90+5')

Laang huet et gedauert bis am Stade Louis II zu Monaco den éischte Gol gefall ass. An der 61. Minutt war et de Keita, deen d'Monegasse mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Nëmmen 8 Minutte méi spéit konnt dann awer de Munetsi mat sengem Gol zum 1:1 fir d'Gäscht ausgläichen. An d'Verlängerung sollt et awer net goen, nees war et de Keita, dee mat sengem Gol an der 5. Minutt vun der Nospillzäit den AS Monaco an déi nächst Ronn schéisse konnt.

Bourg-Péronnas - Lyon 0:7
0:1 Dembelé (17'), 0:2 Dembelé (41'), 0:3 Terrier (47'), 0:4 Cornet (55'), 0:5 Traoré (82'), 0:6 Aouar (89'), 0:7 Racioppi (90+1')