Basket
D'Anne Simon nees "Rookie of the Week"

D'Anne Simon, Spillerin vun der University of Maine an den USA, gouf fir déi zweete Kéier a kuerzer Zäit zum "America East Rookie of the Week" gekréint.

© Tom Hoffmann
Mat enger Moyenne vu 17,7 Punkten a 6 Rebounds an dräi Partien huet d'Ex-Spillerin vum BBC Gréngewald Hueschtert déi Auszeechnung méi wéi verdéngt.
An deene leschten 8 Matcher goung dem Anne Simon seng Moyenne vu 5,5 Punkten op 10,1 Punkt pro Partie an d'Luucht.
Am meeschte gelies