D'Gewënner koume souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen aus Norwegen.

Beim Biathlon zu Oberhof goung et bei den Dammen iwwer 4x6km an der Staffel, d'Hären hu misse 4x7,5km hannert sech bréngen.

Bei den Häre gouf et eng Victoire fir Norwegen. D'Skandinavier konnte sech am Schlussspurt d'Plaz 1 viru Frankräich behaapten. Däitschland huet de Podium completéiert.

Och d'Norwegerinne konnten eng spannend Schlussphas zu Oberhof fir sech entscheeden. D'Tiril Eckhoff huet nämlech beim leschte Schéissen d'Nerve behalen an domat d'4x6-km-Course entscheet. Op déi 2. Plaz koum Schweeden an op déi 3. Frankräich.