Lëtzebuerg eliminéiert: Rout Léiwe verléieren héich 20:31 an Estland

© Val Wagner (Archivbild)
E Sonndeg de Mëtteg sinn d'Rout Léiwen an der Handball-EM-Qualifikatioun fir de Retourmatch an Estland ugetrueden an hunn do däitlech de Kierzere gezunn.
Estland - Lëtzebuerg 31:20 (14:13)
En Donneschdeg hat Lëtzebuerg am Gymnase vun der Coque iwwer laang Zäit déi besser Kaarten, ma um Enn hunn d'Rout Léiwen awer ze vill Goler kasséiert an 33:38 verluer. E Sonndeg huet dowéinst missen ee Réckstand vu 6 Goler missen opgeholl ginn.
D'Lëtzebuerger waren also an Estland gefuerdert a konnte sech dann och kuerz virun der Paus ee Polster vun 1-2 Goler erausspillen. Mat den Esten hat een awer een zolitte Géigner virun der Broscht: si koumen nämlech zeréck a si mat enger 14:13-Féierung an d'Paus gaangen.
Nom Säitewiessel war et d'Lokalselektioun, déi besser aus de Kabinne koum. Si konnt sech mat engem Virsprong vun e puer Goler ofsetzen, soudatt et 10 Minutten nom Téi 15:20 aus der Siicht vun de Roude Léiwe stoung. Am weidere Verlaf gouf däitlech, datt op dësem Dag näischt fir Lëtzebuerg an Estland ze huele wier. D'FLH-Selektioun war um Enn mat 31:20 ënnerleeën.