Australian OpenMandy Minella steet am Dubbel am 2. Tour

RTL Lëtzebuerg
Mat hirer Partnerin Anett Kontaveit huet sech d'Lëtzebuergerin an zwee Sätz géint d’Anna Blinkova an d'Yafan Wuang behaapt.
© pressphoto

Feine Succès fir d'Mandy Minella mat hirer Partnerin Anett Kontaveit bei den Australian Open am Dubbel. Mat 7:5 a 6:0 huet d’lëtzebuergesch/estesch-Koppel sech kloer géint d'russesch/chinesesch-Koppel Anna Blinkova a Yafan Wuang duerchgesat a steet domat am 2. Tour. Do spille si elo géint deen op Nummer 13 gesate russesch/amerikaneschen-Duo Veronika Kudermetova an Alison Riske.

An der Nuecht op e Freideg gouf et mam Out vum Serena Williams, Caroline Wozniacki an Naomi Osaka e puer déck Iwwerraschungen.

Back to Top
CIM LOGO