D'Course iwwer 25km huet de Molitor virum Frazer a Kaes gewonnen. Bei den Dammen heescht d'Gewënnerin Xhaferay.

Um Sonndeg de Mëtteg stoung déi 13. Editioun vum X-Trail zu Wolz um Programm.

D’Organisateuren hate sech vill méi ginn, fir kniwweleg Weeër mat Waasser a Bulli an de Parcours anzebauen. Beim Trail-Lafen muss een ebe mat alle Waasser gewäsch sinn.

Wéi déi ronn 200 Leefer sech op de Wee gemaach hunn, huet et gutt gereent. Géint Enn vun der Course ass et awer manner naass ginn. D’Ekipp ronderëm den Daniel Strecker, ass Schlëmmeres gewinnt an esou huet dee Reen hinnen um Sonndeg näischt ausgemaach. D’lescht Joer hat den Trail praktesch a leschter Minutte missten ofgeblose ginn, dat wéinst dem Stuerm.

D’Participante konnte wielen tëschent 25, 14 oder 7,5 km. Duerch den Tunnel hu se awer all misste lafen, oder goen. No der Sortie, koum den Haaptplat awer nach. Du hu si missten eropkrämpelen, bis bei d’Schlass. Do war natierlech méi wéi ee frou, wéi den Dossard gescannt gouf.

De Jérôme Ewen gewënnt d’Course iwwert 14km, bescht Dame war Noémie Ruppert. Op de 25 km heescht de Gewënner Christian Molitor. Op d'Plazen zwee an dräi si Frazer a Kaes gelaf. A bei den Damme gewënnt Xhaferay virum Hansen.