Am Leeschtungssport spillt d’Ernährung eng wichteg Roll. En Ausdauersportler wäert probéieren esou liicht wéi méiglech ze sinn, iwwerdeems et fir de Kraaftsportler op de Muskelopbau an op d’Muskelmass ukënnt. Nutritioniste mat enger Expertise am Leeschtungssport sinn hei gefrot. Zum Beispill d’Véronique Rousseau.
D’Véronique Rousseau gëtt Coursen um INSEP vu Paräis a schafft ënnert anerem fir d’Vëlosekipp vun AG2R La Mondiale an d’Futtballspiller vum PSG. En Donneschdeg den Owend huet déi fréier Universitéits-Weltmeeschterin am Judo interessant Ablécker an hir Aarbecht an an de Sujet Ernärung bei de Sportler ginn. Dobäi steet, an dat besonnesch bei deene Jonken, e gutt Basiswëssen un éischter Plaz.
Tëscht 8 an 12 Prozent Kierperfett bei den Hären an 18 bis 22 Prozent bei de Frae sinn optimal. Am Ausdauersport dierften awer vill vun den Toppathleten nach do drënner leien. Vill Uebst a Geméis an e gesonde Mix aus Kuelenhydrater a Proteinne gehéieren zum feste Plang. Besonnesch strikt Regime oder d’Ausloosse vu Moolzechte passe fir Leeschtungssportler net an d’Schema.
Eent steet fest, d’Ernärung eleng mécht keen zum Weltmeeschter. Si ass vill méi ee vun deene wichtege Puzzelstécker, déi spéiderhin zum Erfolleg kënne féieren.