
Den Dënschdeg de Moien huet de Bundesliga-Veräi matgedeelt, datt een no engem Gespréich tëscht dem Clemens Fritz, dem Sportchef vu Bremen, an dem Raphael Duarte, decidéiert hätt, fir vun elo un net méi zesummen ze schaffen. Den 29 Joer jonke Lëtzebuerger hat no der Entloossung vum Coach Horst Steffen den Interim vun der Ekipp iwwerholl.
An der neier Konstellatioun mat dem Daniel Thioune als neie Cheftrainer hätte sech d’Aufgabe vun de Co-Trainer geännert. De Raphael Duarte war 2025 zesumme mam Horst Steffen vum SV Elversberg op Bremen komm. Ënnert dem Steffen hat hie vill Verantwortung. Bremen ass an der Bundesliga op der drëttleschter Plaz a spillt am Moment géint den Ofstig.