Champions LeagueReal Madrid wënnt hëtzegen Allersmatch géint Benfica no méiglechem Fall vu Rassismus

Jeff Birsens
Am Allersmatch vun de Playoffen zu Lissabon huet den decisive Gol vum Vinicius Jr fir vill Opreegung gesuergt. De Match war tëschenduerch knapp 10 Minutte wéinst enger presuméierter rassistescher Ausso vis-à-vis vum Brasilianer ënnerbrach.
Real Madrid's Brazilian forward #07 Vinicius Junior fights for the ball with SL Benfica's Luxembourgish midfielder #18 Leandro Barreiroduring the UEFA Champions League knockout round play-off first leg football match between SL Benfica and Real Madrid CF at Estadio da Luz in Lisbon on February 17, 2026.
De Leandro Barreiro am Zweekampf mam Vinicius Jr.
© AFP

En Dënschdeg den Owend stoungen an der UEFA Champions League d’Allersmatcher vun de Playoffen um Programm. An enger hëtzeger Partie zu Lissabon huet Benfica mam Leandro Barreiro mat 0:1 géint Real Madrid de Kierzere gezunn. Donieft huet de PSG en 0:2-Réckstand gedréint a mat 3:2 géint Monaco gewonnen, Dortmund huet sech mat 2:0 géint Atalanta duerchgesat a fir Galatasaray gouf et eng staark 5:2-Victoire géint Juventus.

E Mëttwoch den Owend ginn dann nach véier weider Allersmatcher gespillt, éier et déi nächst Woch schonn an d’Retourmatcher geet.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Benfica - Real Madrid 0:1
0:1 Vinicius Jr (50')

D’Ekipp vu Benfica ass mam Leandro Barreiro an der Starteelef engagéiert an de Match gestart. No enger intensiver Ufanksphas hat da Real no knapp 20 Minutten eng éischt gutt Chance vun der Partie, ma de Schoss vum Vinicius Jr ass aus sechs Meter awer knapp derlaanscht gaangen. Kuerz drop gouf et dann och op der anerer Säit eng gutt Méiglechkeet op den 1:0, hei konnt den Thibaut Courtois de liicht ofgefälschte Schoss vum Aursnes halen. D’Partie ass no an no liicht ofgeflaacht a réischt kuerz virun der Paus hunn déi Kinneklech eng gutt Phas erwëscht, an där awer de Gol, dee mëttlerweil net onverdéngt gewiescht wier, gefeelt huet. Mat engem 0:0 ass et also an d’Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent huet et dann net laang gedauert, bis de Ball am Gol louch. A wéi. Duerch e Sonndesschoss vum Vinicius Jr hat de Golkipp Trubin keng Chance de Ball ze paréieren. Well de brasilianesche Buteur liicht provokativ virum Cornerfändel vu Lissabon gefeiert huet, ass d’Stëmmung op der Tribün an och um Terrain direkt e gutt Stéck méi hëtzeg ginn. De Vincius Jr krut d’Giel Kaart an huet sech duerno beim Arbitter wéinst enger presuméiert rassistescher Ausso vum Gianluca Prestianni beschwéiert. Dat huet den Arbitter no bausse mat engem offizielle Gest vun der FIFA signaliséiert, andeems hie seng Äerm gekräizt huet.

Den 1:0 duerch de Vinicius Jr an Ënnerbriechung no méiglechem Fall vu Rassismus
Nodeems de Vinicius Jr den 1:0 geschoss hat, huet de Brasilianer beim Arbitter eng méiglech rassistesch Ausso vum Gianluca Prestianni vu Benfica reklaméiert.

D’Partie war knapp 10 Minutten ënnerbrach, éier et, ouni Konsequenz fir den Argentinier, deem een d’Reproche net direkt beweise konnt, weidergaangen. Duerch dëse Virfall war de Rhythmus gefillt aus dem Match eraus. Vill weider Golchancë sinn et net méi ginn a sou ass et der Lokalekipp net gelongen, nach den Ausgläich ze schéissen. Fir de Retourmatch den nächste Mëttwoch zu Madrid bleift awer nach alles méiglech.

Déi bescht Zeene vum Match Benfica géint Real Madrid
Benfica ass am Allersmatch géint Real Madrid kee Gol gelongen.

Dortmund - Atalanta 2:0
1:0 Guirassy (3'), 2:0 Beier (42')

De Resumé vum Match Dortmund géint Atalanta
Dortmund huet sech virun den eegene Spectateure mat 2:0 duerchgesat

Monaco - PSG 2:3
1:0 Balogun (1'), 2:0 Balogun (18'), 2:1 Doué (29'), 2:2 Hakimi (41'), 2:3 Doué (67')

De Resumé vum Match Monaco géint PSG
De PSG konnt e fréien 0:2-Réckstand nach an eng 3:2-Victoire géint Monaco dréinen.

Galatasaray - Juventus 5:2
1:0 Sara (15'), 1:1 Koopmeiners (16'), 1:2 Koopmeiners (32'), 2:2 Lang (49'), 3:2 Sanchez (60'), 4:2 Lang (75'), 5:2 Boey (86')

De Resumé vum Match Galatasaray géint Juventus
Galatasaray huet Juventus en Dënschdeg mat engem staarke Optrëtt mat 5:2 ofgeschoss


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO