De Grand-Duc Henri war en Dënschdeg op Visitt am Olympeschen Duerf zu Cortina d’Ampezzo, wou dëst Joer eent vun de sechs olympeschen Dierfer vun de Wanterspiller installéiert ass.
Hie gouf ënnert anerem vum COSL-President Michel Knepper, dem Raymond Conzemius an dem Laurent Carnol begleet, grad ewéi vum Christophe Schiltz, dem Lëtzebuerger Ambassadeur an Italien.
De Grand-Duc ass scho méi laang an Italien ënnerwee a pendelt tëscht de verschiddene Standuerter vun de Spiller hin an hier, wou hie scho bei sou munchen Disziplinnen an den Zuschauertribünen ze gesi war.
Als Member vum IOC ass seng Präsenz net nëmme representativ, mee och symbolesch – e Signal vu perséinlecher Solidaritéit mat de lëtzebuergeschen Athleten. Deementspriechend huet hie sech och Zäit geholl, fir sech mam Gwyneth ten Raa an dem Matthieu Osch auszetauschen, iwwert hir Erfarungen op den Olympesche Spiller, hir Resultater an Erwaardungen.
Si krute bei där Geleeënheet dann och den offiziellen IOC-Pin aus Gold vum Grand-Duc iwwerreecht, deen all d’Athlete kréien, déi un den Olympesche Spiller deelhuelen.