Sport am Fondamental méi wéi jee wichteg

© RTL Télé Lëtzebuerg
De President vun der Dëschtennisfederatioun ass der Meenung, datt et Zäit gëtt, datt qualifizéiert Schoulmeeschteren a Jofferen an de Fondamental kommen.
De President vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun André Hartmann war e Freideg de Mëtteg tëscht 12 an eng Auer Invité an der Emissioun am Gespréich iwwer Sport. Nieft den nationalen Eenzelmeeschterschaften déi de Weekend am Gymnase vun der Coque sinn, gouf mam pensionéierte Sportsproff awer och iwwert d'Wichtegkeet vum Schoulsport geschwat.
An do ass de André Hartmann der Meenung, datt et Zäit gëtt, datt richteg qualifizéiert Sport-Schoulmeeschteren a -Schouljofferen an de Fondamental kommen.
André Hartmann: Dat ass laang gewosst, datt de Sport an der Schoul wichteg ass. Et gëtt awer beim Ëmdenke gezéckt. Et ass och nach net kloer, wien déi Stonne soll halen. D'Sportstonne mussen esou opgebaut sinn, datt déi Basiskompetenze vu Motorik a Sport geluecht ginn.
An den A vum FLTT-President geet et an der nationaler Sportspolitik net duer, just un d'Elite ze denken. Et muss ganz ënnen ugefaange ginn.
André Hartmann: Um Niveau vum Precoce a vum Préscolaire misst eppes geschéien. Et gëtt vereenzelt Léierpersonal déi eppes mat de Kanner maachen, et misst awer generaliséiert ginn, datt een do op d'mannst eng Stonn Beweegung a Sport pro Dag géif virgesinn. D'Initiativ muss awer vun de Ministèren an der Educatioun, der Jugend, an dem Sport ausgoen.
Mat der aktueller Sëtzgesellschaft déi mer hunn, ass et op jiddwerfalls fir d'Zukunft méi wéi jee eminent wichteg, vu jéngstem Alter un, Beweegung a Sport bäibruecht ze kréien.
Hei kënnt Dir nach eng Kéier déi ganz Emissioun am Gespréich mam André Hartmann lauschteren.