Trotz dëser Victoire scheet de Lëtzebuerger Vertrieder awer aus dem Challenge Cup aus.

Um Samschdeg stoung zu Uewerkuer de Retourmatch am Challeng Cup tëscht de Red Boys vun Déifferdeng an Dukla aus Tschechien um Programm. No der 24-37-Defaite aus dem Allersmatch goung et fir d'Red Boys an éischter Linn dorëms, sech mat enger positiver Leeschtung aus dem Challenge Cup ze verabschiden. An dat ass hinne mat enger 32:29-Victoire och gelongen.

Am Retourmatch war et zu Uewerkuer eng ausgeglachen Ufanksphas. D'Red Boys wollte mat den Tscheche mathalen an dat war hinnen an den éischte knapp 7 Minutten och gelongen. Hei stoung et 4:4 gläich. Virun allem déi béid Männer an de jeeweilege Goler hunn ëmmer erëm gewosst ze iwwerzeegen. Am Géigesaz zum Allersmatch waren Red Boys gutt am Match a konnten iwwer wäit Strecke gutt mam Tabellen-2. aus Tschechie mathalen. Bis zur Hallschent stoung et soumat och 16:16 gläich, wat am Géigesaz zum Allersmatch eng kloer Verbesserung op Säite vum Veräin aus dem Grand-Duché ënnerstrach huet.

Nom Téi waren et d'Männer aus dem Süde vu Lëtzebuerg, déi ganz staark zréck op den Terrain koumen. Bis déi 46 Minutt war et de Lëtzebuerger gelongen, eng Avance op den tschechesche Vertrieder erauszespillen. Duerch eng konzentréiert a positiv aggressiv Spillweis louchen d'Red Boys soumat mat 25:22 am Avantage. Dësen Avantage sollten d'Lëtzebuerger och iwwert Zäit rette kënnen a soumat hu si sech mat enger  32:29-Victoire an enger anstänneger Leeschtung aus dem Challenge Cup verabschit.

Red Boys trotz Victoire am Challenge Cup eliminéiert
No der klorer 24:37-Néierlag am Allersmatch hunn déi Déifferdenger de Retourmatch mat 32:29 géint Dukla Prag gewonnen.