D'Maria Sharapova huet op Instagram matgedeelt, dass si mat "effet immédiat" mam Tennis ophält.

Déi 32 Joer al Russin war 21 Woche laang d'Nummer 1 vun der Welt an huet 5 Grand-Slam-Titele gewonnen an hirer Karriär.

Am Alter vun nëmme 17 Joer huet si 2004 Wimbledon gewonnen. 2014 huet si bei de French Open hire leschte Grand Slam gewonnen.

No enger Doppingspär vun zwee Joer ass d'Russin 2017 zeréck op d'WTA-Tour komm, konnt awer ni u fréier Leeschtungen erukommen.

No Blessuren u Schëller an Aarm an de leschten 18 Méint huet si decidéiert, hir Rackett un den Nol ze hänken. Hire leschte Match huet si bei den Australian Open gespillt, wou si am 1. Tour géint d'Kroatin Donna Vekic verluer huet.