Tokio kéint d'Organisatiounsrechter fir d'Olympesch Spiller 2020 verléieren, wann een Summerspiller op den Zäitraum nom 31.12.2020 wéilt verleeën.

"Wann een de Kontrakt nach eng Kéier liest, da seet den Artikel 66, dass den IOC d'Recht huet, fir d'Spiller mat der Opléisung vum Kontrakt ofzesoen, wann (...) d'Spiller net am Joer 2020 organiséiert ginn", sou e japanesche Regierungsmember.

Den Hashimoto, dee selwer 7 Mol un Olympesche Spiller deelgeholl huet, huet awer och erkläert, datt een alles géing drusetzen, fir de Plang anzehalen an d'Spiller de 24. Juli starte kënnen.

An de leschte Woche waren eng ganz Rei Sportsevenementer wéinst dem Coronavirus verluecht respektiv ofgesot ginn.

COSL an Tokio 2020 / Reportage Franky Hippert

Och beim Lëtzebuerger Comité Olympique gëtt sech mat deem Sujet befaasst an et hëlt een dat Ganzt ganz eescht.

7 Lëtzebuerger Sportler si bis elo sécher fir d'Olympesch Spiller zu Tokio qualifizéiert. Eng Partie probéiert, dat an den nächste Wochen a Méint nach ze maachen.

Bis Enn Mee dierft scho méi kloer sinn, ob d'Tokio 2020 ass, a wie vu Lëtzebuerger Sportler sech an den nächste Wochen nach qualifizéiere konnt.