Deen zweete Grand-Slam-Tennis-Tournoi vun der Saison gëtt och wéinst dem Coronavirus verluecht.

D'Organisateure vu Roland Garros hu matgedeelt, datt hiren Tournoi elo vum 20. September bis de 4. Oktober zu Paräis gespillt gëtt. U sech sollten d'French Open den 18. Mee am Weste vun der franséischer Haaptstad ufänken.