Um Méindeg hunn den IOC, den IPC, den Organisatiounscomité an d'Regierung zu Tokio dës Decisioun geholl.

Déi ëffentlech japanesch Televisioun NHK hat schonn e Méindeg de Moien annoncéiert, datt d'Spiller kéinten den 23. Juli d'nächst Joer ofgehale ginn. Dësen Datum ass e Méindeg de Mëtteg confirméiert ginn.

Och den Datum fir d'Paralympics steet fest. Dës si vum 24. August bis de 5. September 2021.