Dëst erlaabt Hiefenech, eng Partie jonk Spillerinnen, déi gewellt sinn Nationale 1 ze spillen, op Walfer ze schécken, ouni mussen een Transfert ze maachen.

Dammebasket/Reportage Jeff Kettenmeyer

D'USH hat sech jo eigentlech och selwer sportlech qualifizéiert, fir opzesteigen, allerdéngs kann de Veräin dëse Schratt ënnert anerem aus finanzielle Grënn aktuell net maachen, sou de Vize-President Claude Schmit am RTL-Interview.

Wien an der neier Saison déi Walfer Damme wäert coachen, steet nach net fest, hei lafe souwuel Gespréicher mam aktuellen Trainer Amadeo Dias wéi och mat der Trainerin vun Hiefenech Julie Kremer.

Déi Spillerinnen, déi net vum Partenariat profitéieren, kënnen an der neier Saison mat Hiefenech an der Nationale 2 spillen.