De Veräin, deen dës Saison nach an der Novotel-League gespillt huet, hätt vun der nächster Saison un net méi genuch Spiller, fir eng Ekipp ze mellen.

Dat huet eis de Comité op Nofro hi confirméiert.

Déi aktuell sanitär Kris an d’Ofsoe vu ville Manifestatiounen hunn dozou gefouert, dass de Club keng finanziell héisch Moyene méi hätt. De Volleyballveräin vu Péiteng wëll doduerch an Zukunft op d'Jugend bauen.