Hie wëll sech anerwäerts am Jugendberäich engagéieren.

De Chris Wulff ass net méi Trainer vun de Musel Pikes, dëst hunn déi Miseler en Dënschdeg op hirem Site matgedeelt.

De Wulff war eréischt virun der leschter Saison op d'Musel komm a wëll sech elo anerwäerts, wéi et schéngt am Jugendberäich, engagéieren.

Seng Nei Missioun kritt hien elo bei der Sparta, wou hien och fréier selwer gespillt huet.