De Schwed war rezent Trainer a senger Heemescht an ass deemno fir déi éischte Kéier a senger Karriär an Zukunft zu Lëtzebuerg aktiv.

Am Basket huet de Racing mam Torbjörn Gehrke een neie Coach fir d'Härenekipp fonnt, dat huet de Veräin aus der Total League e Mëttwoch an engem Schreiwes matgedeelt.

Als Spiller huet de Schwed 134 Lännermatcher fir Schweden gespillt.

De Racing huet fir déi nei Saison grouss Ambitiounen a konnt jo ënnert anerem mam Bob Melcher ee groussen Transfertcoup landen.