E Mëttwoch de Moien um 10 Auer ass et fir déi 2 Lëtzebuerger Top-Spillerinnen nees lass gaangen.

Ënnert spezielle Mesuren an der Opsicht vum Trainer a Mann vum Mandy Minella dem Tim Sommer hu béid Athletinnen nom waarm maachen déi éischt laang Ballwiessel gespillt.

Iwwer 2 Méint laang stoung besonnesch den Ausdauer- a Fitness-Training am Virdergrond. De Rhythmus um Terrain ass awer e ganz aneren.

Béid Spillerinne profitéiere vun der Méiglechkeet, zesummen op der Schéiss ze trainéieren, a kënne sech esou op d'Saison, déi fréistens Mëtt Juli soll weidergoen, mat engem staarke Partner virbereeden.

Och déi nächst Wochen huet ee Wëlles mateneen um Terrain ze stoen, fir sech ouni Stress op eng eventuell Reprise vun den Turnéier virzebereeden. Et sief dann d'Wieder géif e Stréch duerch d'Rechnung maachen.