Den Thierry Kremer gouf virun e puer Wochen als neien Dammen-Trainer annoncéiert.

Magazin Thierry Kremer/Reportage Jeff Kettenmeyer

Am RTL-Interview sot de fréiere Coach vum T71, datt hien no senger Zäit zu Diddeleng eng kleng Paus gebraucht huet.

Den Ament ass hien am gaangen, den A-Trainerschäin ze maachen.

An den Niveau vum Dammebasket wier gutt, allerdéngs misst een an Zukunft dofir suergen, datt d'Unzuel u Spillerinnen nees an d'Luucht geet.

Zu Steesel ass et Zil fir uewen matzespillen an awer och mëttel a laangfristeg eppes opzebauen.