Am nationale Basket gëtt op engem ausseruerdentleche Kongress decidéiert, mat wéi vill Ekippen an ënnert wéi engem Modus an der neier Saison gespillt gëtt.

En éischte Versuch um Kongress de 16. Mee hat keng Léisung bruecht, well keng vun den 3 Proposen eng Majoritéit krut.

Zanterhier a bis de leschte Weekend konnt een nei Proposen eraginn an déi si ganz anescht wéi nach beim leschte Vott.

Des Kéier leien eisen Informatiounen no zwou Proposen um Dësch, eng zu 13 an eng zu 12 Ekippen an der Total League bei den Hären.

Spillmodus am Basket/Reportage Jeff Kettenmeyer

Propos 1

Bleiwe mer bei der Propos vun 12, déi vun enger gudder Partie Ekippen aus Nationale 1 an 2 ënnerschriwwen gouf, hei misst Zolwer an der Nationale 2 bleiwen.

Et géif dann eng Aller- a Retour-Ronn mat am Ganzen 22 Matcher ginn, duerno géif et an de Playoff goen, dat nom bekannte Format aus dem Ausland, den 1. géint den 8., den 2. géint de 7., den 3. géint de 6. an de 4. géint de 5..

Dës Matcher géife bis an d'Finall am Best-of-Five-Modus gespillt ginn. Ënnenof géifen déi zwee lescht ofsteigen.

An der Nationale 2 géife just 8 Ekippe spillen, zwou Aller- a Retour-Ronnen, fir op 28 Matcher ze kommen an déi zwee Éischt géifen opsteigen.

An dëser Propos sinn och d'Damme mat abegraff.

De Championnat géif zu 9 Ekippe gespillt ginn, 16 Matcher Aller/Retour, plus eng Tëscheronn an duerno dee selwechte Playoff-Modus wéi bei den Hären.

Propos 2

Déi zweet Propos gouf vum fréieren Arantia-Fiels-Spiller Rui Nunes ausgeschafft a gëtt ënnert anerem vun der Sparta ënnerstëtzt.

Hei géif een an enger Iwwergangssaison mat 13 Ekippe spillen, deemno mat Zolwer, déi dee Projet logescherweis och ënnerstëtzen an d'Joer drop da just nach zu 12.

De Playoff-System ass dee Selwechte wéi bei der éischter Propos.

D'Nationale 2 géif mat 10 Ekippe weiderspillen a méiglecherweis mat der B-Ekipp vun der Sparta mat ville jonke Spiller opgestockt ginn, déi schonns Interessi ugemellt hunn.

Allerdéngs missten dofir och déi éischt 3 plazéiert aus der leschter Saison drop verzichten, well d'Sparta hat de B Championnat op der 4. Plaz ofgeschloss.

Eisen Informatiounen no wier et laut den aktuelle Statute vun der FLBB awer net méiglech als B-Ekipp an der Nationale 2 ze spillen a misst deemno nach geännert ginn.

Nieft zwee fixen Opsteiger géif den Drëtten aus der Nationale 2 och nach eng Relegatioun am Best-of-3-Modus géint den 10. aus der Total League spillen.

Dës Propos gesäit allerdéngs kee Changement bei den Damme vir.

Wéi geet et elo weider?

Um Kongress de 27. Juni gëtt deemno ofgestëmmt, wa béid Propose géifen iwwer 50% Jo-Stemme kréien, wënnt déi mat deene meeschten Stemmen.

Wa keng vun deenen zwou eng Majoritéit kritt, fält trotzdeem eng Decisioun, da géif de Modus nämlech bei 10 Ekippe bleiwen an deemno Konter a Steesel aus der Total League erausfalen.

Donieft läit och nees eng Propos vum T71 an der Sparta um Dësch, fir d'Unzuel vun Non-JICL-Spiller an der Total League op maximal 2 um Terrain ze limitéieren.

Dës Kéier zielt dës Propos awer net fir déi ënnescht Divisiounen.