Saison geet weider, Spiller isoléiert a vill Matcher a kuerzer Zäit

© AFP
Am Disney World zu Orlando wäerten déi beschte Basketballekippen op der Welt den Titel aus der NBA ënnert sech ausspillen.
Lues awer sécher kënnt am internationale Sport am Kader vum Coronavirus eng gewësse Normalitéit zeréck op den Terrain. An den 3 ieweschten Divisiounen am Däitsche Futtball gëtt jo zanter e puer Woche scho Kompetitioun gespillt. A Spuenien an an Italien rullt de Ball dëse Weekend nees. D'nächst Woch geet et dann och an der englescher Premier League erëm lass. An der héchster amerikanescher Basketball-Liga NBA soll et Enn Juli nees weider goen-
D'Preparativen déisäit dem Atlantik lafen op jiddwerfalls op vollen Touren, weess de Ken Diederich, Lëtzebuerger Basketballnationaltrainer an och groussen NBA-Expert:
Jo et ass esou, datt d'Reprise den 30. Juli ass. Si hunn deen Datum e bësse no vir geréckelt, fir datt déi nei Saison net ze spéit ufänkt. Firwat den Disney Park, ma well ESPN och zu der Disney-Park-Group gehéiert. Do si vill Hoteller, déi eidel stinn, an et si vill Halen do. D'Spiller sinn isoléiert, d'Familljen däerfen net matgoen. D'Spiller mussen a kuerzer Zäit vill Matcher spillen an dofir ass dat eppes, wou ech denken, datt si net esou begeeschtert wäerte sinn, well et eppes ass, dat si net esou kennen.
ESPN ass d'amerikanesch Sportschaîne, déi ronderëm d'Auer sent. De Mickey-Mouse-Park zu Orlando an den USA ass op engem Areal vun 15 Dausend Hektar. 22 NBA-Ekippe solle matspillen. No de leschte Matcher vun der normaler Saison, soll de Play-Off dann normal gespillt ginn. Spéitstens den 12. Oktober soll de neien NBA-Champion da feststoen.