Den 31. Juli soll d'NBA-Saison viru goen. D'Matcher sollen am Disney Parc zu Orlando gespillt ginn, wou d'Spiller an de Staff wäerten isoléiert ginn.

D'Diskussiounen ëm de Restart falen awer grad an eng Zäit, wou sech vill US-amerikanesch Sportler un der Rassismus-Debatt bedeelegen. Un de Protester an den USA huelen och eng gutt Partie NBA-Spiller selwer deel.

Neistart an der NBA / Reportage Jeff Kettenmeyer

D'Pläng vun der NBA, fir d'Saison ze relancéieren a vun Enn Juli bis Oktober eng onmoosseg Unzuel u Matcher zu Orlando ze spillen, stéisst bei vereenzelte Spiller op Kapprëselen.

Aner Spiller, wéi zum Beispill de Superstar LeBron James, fannen de "Restart" awer eng gutt Iddi a sinn der Meenung, datt ee souwuel säin Deel bei de Protester an der Rassismus-Diskussioun ka leeschten an awer och parallel nees u Basket denke soll.

De Lëtzebuerger Basket-Nationaltrainer, Ken Diederich, suivéiert d'NBA zanter Joerzéngten: "Et gesäit ee jo, datt vill Superstaren an Amerika dee "Movement" do matmaachen an datt et ee Problem ass, deen et schonn éiweg gëtt. Wann ee schonn emol an Amerika war, da weess een, datt et eng ganz grouss Differenz tëscht Wäiss a Schwaarz gëtt. Déi Schwaarz ginn däitlech benodeelegt an der Gesellschaft an dat ass schonn ee grousse Problem, mä een deen et schonn éiweg gëtt an elo muss geännert ginn. Dofir ass et och gutt, datt sou Superstaren, wéi de LeBron James, sech ëffentlech dozou äusseren. Hoffentlech gëtt d'Welt lo endlech drop opmierksam."

D'Saison géif iwweregens spéitstens den 12. Oktober op en Enn goen. De Start vun der nächster also 2020/2021 ass awer schonns fir den 1. Dezember geplangt. D'Matcher sinn natierlech ouni Spectateuren an d'Spiller an de Staff liewen an Hoteller vum Disney Parc zu Orlando.