De Samschdeg hat d’FLBB, déi Lëtzebuerger Basket-Federatioun en ausseruerdentleche Kongress, wou et ëm d’Organisatioun vun der nächster Saison goung.

Zwou Propositioune louchen um Dësch. Eng Total League mat 13 Ekippen an eng mat 12. 73% vun de Clibb hu sech fir déi mat 12 ausgeschwat.

FLBB-Kongress/Reportage Guy Seyler

Dat war am Fong eng logesch Konsequenz nom 1. Essai vum 16. Mee. Vum 26. September u spille bei den Hären also 12 Ekippen an der héchster Liga. Konter a Steesel steigen net of. Walfer an Hesper steigen op. Allerdéngs ass mat Zolwer eng Ekipp an der Nationale 2 bliwwen, déi et der Meenung no vun hirem Representant Olivier Block um sportleche Wee duerchaus gepackt hätt.

An der Nationale 2 ass Zolwer elo den Top-Favorit, virausgesat si kënnen hir Spiller halen. Datt d’Transfert-Zäit net verlängert gouf, begréisse si duerfir. De Frank Arendt, President vun der Sparta, hätt eng iewescht Divisoun mat 13 Ekippe léiwer gehat.

No Aller- a Retourmatcher geet et da fir déi éischt 8 Ekippen an de Playoff. De Modus ass bei den Dammen, déi 9 Veräiner an der ieweschter Divisioun hunn, dee selwechten. En 2. Diskussiounspunkt war e Samschdeg de Moie méi ëmstridden. Et goung ëm d'Fro, wéi vill friem a professionell Spiller dierfte parallel um Terrain stoen. Hei war haaptsächlech Walfer an de Xavier François viséiert. Mat enger knapper Majoritéit vun 114 op 106 Stëmme blouf et beim Status quo vun 3 méigleche Profie pro Ekipp.

Déi goufe wuel no sachlechen Diskussioun, mä mat enger extrem knapper Majoritéit vun 51 Prozent nach net aus dem Wee geraumt. An dee wëllen eigentlech d'FLBB an all hir Clibb vermeiden. Et hofft een deemno op eng Saison, déi am September an engem gudder Ambiance an am beschte mat Supporter kann ufänken.

De Walfer President Alain Weins war erliichtert an och zefridden. En Aarbechtsgrupp kritt da vill ze dinn, well d’Definitioun, wie Profi ass a wien net, dat ginn zéi Verhandlungen.