Verbreedung vum Coronavirus ass eng Gefor fir d'Reprise vun der NBA

Den 30. Juli soll d'NBA zu Orlando am Disney World erëm starten.
Momentan regroupéiere sech 22 NBA-Ekippen zu Orlando a Florida, wou si vum 30. Juli bis spéitstens den 13. Oktober sollen déi regulär Saison fäerdeg spillen esou wéi d'Playoffs. De Format gesäit vir, dass d'Spiller, esou wéi hir Famillen, am Disney World an enger grousser gemeinsamer Quarantän sollen déi Zäit liewen, fir eng Ausbreedung vum Coronavirus ze verhënneren an esou eng hermetesch "Blos" schafen, déi erméigleche géing, de Rescht vun der Saison ze spillen.
Lo huet den Adam Silver, de Commissioner vun der NBA, an enger Interview matgedeelt, dass eng signifikativ Verbreedung vum COVID-19 d'Reprise a Gefor géing stellen. Hie wier sech bewosst, dass virum Ufank nach Spiller positiv kéinte getest ginn, wat net weider schlëmm wier, well déi dann a Quarantän géinge gesat ginn.
Méi schlëmm awer wier et, wann nom Startschoss Spiller weider positiv géinge getest ginn, dat géing nämlech bedeiten, dass déi "Blos" net méi hermetesch wier a soumat ee Risiko géing bestoen, dass d'NBA-Saison da misst ofgesot ginn.
D'NBA gouf den 11. Mäerz ënnerbrach, nodeems de franséische Spiller Rudy Gobert vun den Utah Jazz positiv getest gouf.
351 Tester goufen zanter dem 23. Juni gemaach an dovunner ware 25 Spiller positiv, huet d'NBA den 2. Juli matgedeelt.
Den 30. Juli soll et erëm lassgoe mat 2 Toppmatcher: d'Utah Jazz vum Rudy Gobert spille géint d'New Orleans Pelicans vum jonke Phänomen Zion Williamson an d'Los Angeles Lakers vum Lebron James spille géint d'Los Angeles Clippers vum Kawhi Leonard.